37. Haupeschmaart zu Munzen: E Fest voller Traditioun, Handwierk a freed
to see more pictures.
Munzen. – E Sonndeg, den 8. November 2026, huet d’Duerf Munzen nees am Zeeche vum traditionellen Haupeschmaart gestanen. Déi 37. Editioun vum bekannte Maart huet och dëst Joer erëm eng Hellewull u Visiteuren aus der ganzer Regioun an d’Eislek gezunn.
De Startschoss an de Festdag gouf um Sonndegmoien um traditionelle Maart-Kraiz ginn. Begleet vun de festleche Kläng vun der Dixie Boys Band an a Präsenz vu lokale Vertrieder souwéi der Ministesch Martine Hansen huet de Cortège d’Festlechkeeten offiziell agelaut.
Duerch d’Gasse vum Duerf an am grousse Festzelt gouf de Leit eng breet Palette un handwierkleche Kreatioune gebueden: Vun originelle Saachen aus Holz, Keramik a Bijoue bis hin zu flotter hierschtlecher Dekoratioun an Textilien. Och kulinaresch Liebhaber si voll op hir Käschte komm: Regional Spezialitéite wéi Hunneg, Kéis, Wurschtwuere souwéi hausgemaachten Drëppen a Liköre goufen ugebueden a geschmaacht.
Fir Iessen a Gedrénks war wéi ëmmer beschtens gesuergt. Bei de lokale Veräiner – dorënner d’Munzer Frënn un de risege Panne mat frësche Gromperekichelcher, d’Houffelter Klunschkäpp, de Sparveräin Brotebach an all deenen anere Veräiner – gouf fläisseg geschafft. Am Restaurant Robbesscheier goufe klassesch Hierschtplaten zerwéiert, dorënner Wëldragout a Paschtéitchen, wärend an der Bakstuff frësch gebake Boxemännercher op d'Leit gewaart hunn.
Fir eng ausgeloossen Ambiance hunn niewent der Dixie Boys Band an dem Orchestre Two Man Sound och d’Éislecker Stëmmungsbléiser gesuergt, éier den DJ Bigkeiler owes fir de gelongenen Ofschloss gesuergt huet. E besonnescht Erliefnis fir Grouss a Kleng waren zousätzlech d’Faarten an der traditioneller Päerdskutsch duerch d’Duerf an d’Ëmgéigend. Duerch déi gutt organiséiert P+R-Flächen an de reegelméissege Shuttle-Bus-Service vun der Gare Drauffelt, vu Marnach a vum Kulturzentrum Cube 521 ass de Verkéier de ganzen Dag iwwer reibungslos verlaf.
D’Organisateuren zéien e ganz positive Bilan an drécken all de Veräiner, den Aussteller, deene villen Hänn am Hannergrond a virun allem deene sëllege Visiteuren hiren häerzlechste Merci aus, déi dësen Dag erëm zu engem onvergiessleche Fest gemaach hunn.