Den 31.Juli 2024 krute mer häerzlechst eng Uergel GLORIA Optimus 3-47 vum Här Roger Kohnen geschenkt fir hir an der Kapell «Notre-Dame des Bois» um Neihaischen en zweet Liewen anzelauden. Dës Uergel aus dem däitschen Traditiounshaus „G. Kisselbach Kirchenorgeln“ wor dem Rosch - esou wéi eise jovialen Donateur a fréieren Escher Scout genannt gëtt -, ze grouss gi fir a senger Residenz. Nodeems mer eis dunn zweemol getraff hate fir eis kennenzeléieren a fir ze kucken ob mer d’Uergel duerch déi enk Direntrée, en plus nach am Schwong em d’kéier, iwwerhaapt an d’Kapell erakriten huet de Kohnen’s Rosch alles organiséiert: hien huet mat Kisselbach d’Machbarkeet beschwat, präzis Dirmoossen duerchginn an d’Plënneraktioun organiséiert an och finanzéiert. No e puer professionellen Handbeweegunge, deels den héije Wee opgestallt, huet dem Rosch seng Uergel eng néi Plaz an der Mëtt vun der Scoutskapell fonnt. Mir soen dem Roger Kohnen e Scout’s B.R.A.V.O. a mir haten eis virgeholl d’Uergel och zeguddst anzeweien. An der Ouschtervakanz wor et dunn endlech esouwäit an d’Uergel gouf den 8.Abrëll 2025 feierlech duerch Museker vun der Schëtter Musek ënnert der Leedung vun den Häre Jean Schumacher a Pol Schummer ageweit, respektiv agespillt. D’Kapell Notre-Dame des Bois wor fir dës Feierstonn natierlech strubbelvoll. Dësen Ouschtere-Concert wor deemno eng flott Geleeënheet fir dëst Muséksinstrument och am Kader vu 400 Joer Marie-Veréierung zu Lëtzebuerg offiziell um Neihaischen „a Betrib“ ze huelen. Ons al Uergel déi viru ville Jore vum Schartz'e Fränz gestëft gouf bleift ons nach erhalen, quitt datt se awer elo lues a lues an d'Scoutspensioun goe kann. Nach eng kéier dem Rosch e grousse Merci fir säi generéisen Don fir d’Scoutskapell, der Schëtter Musek an de Scoute fir hire benevolle kënschtlereschen an organisatoreschen Asaz an dem Public fir säin Interessi an Unerkennung.
De Comité Neihaischen vun der A.s.b.l. "Frënn vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten"