Jonk a krea(k)tiv

D'Guiden a Scouten vu Beggen hunn dëst Joer décidéiert ee Gruppecamp um Neihaischen z'organiséieren. Dat heescht dat déi sechs Altersklassen dëst Joer zesummen, während der Ouschtervakanz, am a rondrëm de „Chalet Nicolas Rollinger“ campéiere.

D'Haaptaktivitéit ass d'Opriiten vun dräi Höhlen aus Weeden, déi mat Tunnellen ënnertenee verbonne sinn. Dofir si si amgaangen Geflechter ze bastelen, déi duerno unenee gestreckt ginn. Nom Camp sollen d'Weeden da Wuerzele schloen, an no kuerzer Zäit entsteet esou eng flott Spillplaz fir déi Kanner déi an Zukunft um Neihaischen campéiere wäerten.

Reportage a Fotoe: Luc Ewen
Video: Luc Ewen a Francis Verquin