Video: D'Hiel aus Weeden hëllt Form un

Wéi mywort.lu jo scho viru kuerzem bericht huet, sinn d'Beggener Guiden a Scouten amgaangen um Neihaischen e Systeme aus Hielen an Tunnellen opzeriichten. D'Material dat dofir benotzt gëtt ass lieweg. Weede ginn geschnidden, geflecht a sollen, wann alles riicht leeft, duerno Wuerzele schloen.

Esou entsteet eng Spillplaz aus Tunnellen an Hielen déi mat der Zäit zouwuessen. Et sinn awer keng Architekten oder Gäertner, déi dëse Projet realiséieren, mee d'Guiden a Scouten vu Beggen. Si hunn am Ament ee Gruppecamp um Neihaische mat hire sechs verschiddenen Altersklassen. Vum jéngste Biber, bis hin zum Albatros schaffe si un dësem pädagogesch wäertvolle Projet, deen vum Service SAFAB ënnert der Leedung vum Tom Lahr vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ënnerstëtzt gëtt. (L.E.)

Reportage a Fotoe: Luc Ewen
Video: Luc Ewen a Francis Verquin