E Samsdeg den Owend den 1. Oktober 2011 gouf zu Nidderdonwen d'Journée de Commémoration nationale, begaangen. Um Ufank vun der Feier hun de Fernand Ley an de Patrick Picard, déi zwee Vertrieder vu Nidderdonwen am Gemengeroot Fluesswëller, e Blummekranz beim "Monument aux Morts" niewent der Kirch niddergeluecht.
De Fernand Ley huet a senger Ried betount, dass de nationale Commémorationsdag eis soll un déi Leit erënneren, déi sech während deene schreckleche Krichsjaren 1940 bis 1945 géint den Naziterror gewiert hun an déi fir d'Onofhängekeet, d'Identitéit an d'Fräiheet vun eiser Heemecht gekämpft hun an zevill dachs mat dem Liewe bezuelt hunn.
Net vergiessen dierft een awer och all déi Leit, déi jonk Lëtzebuerger verstoppt haten an hinne gehollef hunn. An der geféierlecher Zäit hätte Leit, déi d' Okkupatioun an aller Rou hätte kënnen iwerliewen, sech fir anerer agesaat an dofir munnech Opreegung a Kaf geholl an hiert Liewe fir aner Matbierger op d'Spill gesat. Geduecht gouf och un déi vill Resistenzler an déi Leit, déi emgesiedelt goufen.
De Fernand Ley het drun erënnert, dass vun den Emsiedlungen och Familjen hei vun Donwen betraff woaren, 17 Jongen aus dem Dorref goufen agezunn, dräi vun hinnen koumen net méi zreck an hunn hir Heemecht net méi erem gesinn.
"Déi Leit a Familjen hun eis all eng beispillhaft Solidaritéit virgeliewt. D'Solidaritéit tëschent de Mënschen, déi fir de Fridden antrieden, an d'Pflicht fir friddlech Argumenter ze benotzen ass eng Léier, déi den zweete Weltkrich hannerlooss huet."
An de Fernand Ley weider: D'Solidaritéit ass e wichtege Meilesteen an der lëtzebuerger Geschicht. Si bleiwt éiweg an der Erënnerung aggravéiert.
"Déi Fraen a Männer, derer mir haut gedenken, hun des Solidaritéit konkret geliewt. Duerch hire Courage an déi Affer, déi säi bruet hunn, hu hu si éiser Heemecht erlaabt, de Krich ze iwerstoen."
"Loosse mer wënschen an hoffen, dass esou esou Zäiten ni méi zreck kommen a loosse mir éis haut an hei an éierlechem Respekt virun deene vernäipen, déi hiert Liewe fir Fräiheet, Fridden a Gerechtegkeet agesaat hunn."
Zum Schluss vu senger Ried huet de Fernand Ley all de Veräiner an de Leit aus den Uertschaften Nidderdonwen an Uwerdonwen Merci gesoot, déi un der Feier deelgeholl hun.
De Gesangveräin huet d'Heemecht ugestëmmt, éier et als Ofschloss vun der Feier e gudde Patt Miseler am Schoulcafé offréiert gouf.