KOLPINGGEDENKDAG ZU DIKKRICH

Iwwerreechung vun 3 Schecke à 10000 Euro


Nidderfeelen. Ufank Dezember 2023 war zu Dikkrich de Gedenkdag zum Doudesdag vum séilegen Adolph Kolping, Grënner vum Internationalen Kolpingwierk. Dëst Joer war et un deene Feelener fir dëst Fest ze organiséieren. Déi zwou Kolpingsfamillen aus Lëtzebuerg, Kolping Zentrum a Kolping Feelen, hunn sech um Parvis vun der Dekanatskierch zu Dikkrich getraff, fir an enger Massfeier deen Dag ze feieren. Den Abbé Gregor Grzanka huet eis häerzlech wëllkomm geheescht an der Gemeinschaft mat der „Par Dikkrich Le Bon Pasteur“. Den Abbé Gregor huet de Begrëff Kolping, a speziell d‘Kolpingsfamillen an dem Ëmkrees vu sengem Wierken an Éisträich, gutt kannt. A senger Begréissung soot de Paschtouer: Kolping steet fir Hëllefsbereetschaft an Ënnerstëtzung fir déi mannerbemëttelt Matmënschen. D’Kolping-Asbl Lëtzebuerg ënnerstëtzt international Projeten ë.a. a Rumänien, a mat Hëllef vum Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht och am Kongo. Wärend der Mass goufen dëst Joer 3 Associatiounen hei vu Lëtzebuerg mat Schecken zu je 10000 € ënnerstëtzt: ALA „Maison de Séjour et de Soins Beim Goldknapp“ vun Ierpeldeng un der Sauer, Femmes en Détresse Lëtzebuerg an d‘Fondation Tricentenaire vu Walfer. D’Vertriederinne vun deenen Associatiounen hunn ee klengen Abléck ginn, firwat déi Spenden ugewant ginn. No der Massfeier war Rendez-Vous an der „Restaurant La Fondue – Hotel Esplanade“ zu Dikkrich, wou et eppes fir den Honger an den Duuscht vum Kolping Feelen zum Beschte gouf. D’nächst Joer ass et un de Frënn aus dem Zentrum fir de Kolpinggedenkdag 2024 ze organiséieren.