Di lokal Sektioun vum roude Kräiz war dës Kéier fir d’éischt wärend 3 Deeg (8.12./ 9.12/ 10.12) op der „Place Cito“, fir do um Chrëschtmaart e Stand ze bedreiwen. Well di Verantwortlech verlaangen, dass op all Stand eppes Aneres offréiert gëtt, huet de Kommitee sech e puer Wochen virdrun bei engem „Probeessen“ getraff an ass zu Conclusioun komm, dass Weißwurt mat Bretzen a Lëtzebuerger Weißbier dat Richtegt fir op de Maart waer.
Ee vun de Komiteesleit huet sech ëm di ganz Organisatioun gekëmmert, mee leider huet hien duerch Covid, de leschten Dag di ganz Koordinatioun missen ofginn.
Duerch seng gudd Viraarbecht, war et dem Rescht vum Kommitee einfach d’ Relève ze huelen. Hinne gëllt e grousse Merci grad esou wéi eisem Volentaire wat maer duerch "bénévolat.lu" fonnt hunn.
Well d’ Wierder net richteg matgespillt huet an d’ Clientèle schonn op deenen anere Stänn eng grouss Auswiel un Iessen hat, wat de Verkaf um Stand net riseg. Di lokal Sektioun vum roude Kräiz gesäit dat ganzt sportlech („Dabei sein ist alles“) a wäert och dat nächst Joer um Chrëschtmaart nees hir Präsenz markéieren.