Croix-Rouge sl Bascharage: Solidaritéit a gutt Noperen

Um Weekend vum zweeten Advent war op der Claus-Cito-Plaz d’Croix-Rouge sl Bascharage nees feste Bestanddeel vum Käerjenger Chrëschtmaart. Direkt nieft dem Stand vum Gaart an Heem Uewerkäerjeng konnten d’Visiteurs'en och hei eng kulinaresch Paus - eng fir de gudden Zweck - aleeën.

Dobäi ass besonnesch déi flott Dekoratioun vum Stand an d'A gefall, déi mat ganz vill Léift zum Detail eng richteg waarm a festlech Atmosphär erbäigezaubert huet. D'Comitésmembere vun der Sektioun hunn hier Gäscht, guttgelaunt, mat enger excellenter, haus-gemaachener Potimarron-Zopp verwinnt. Wiem et éischter no Séissem war krut zudeem Liefkuch a Kichelcher offréiert. Dozou gouf et e festleche Lëtzebuerger Cremant vum Marx-Lahr vun Ohn, Bio-Béier (Funck-Bricher) oder gesonde Rotbäckchen-Jus.

Ewéi gewinnt gouf nees enk mat dem „Gaart an Heem“ zesummegeschafft: den Op- an Ofbau gouf gemeinsam gemeeschtert, an déi direkt Noperschaft vun de Stänn huet de prakteschen Oflaf erliichtert.

Don’en a Recetten kommen der Croix-Rouge zegutt, déi se dann do asetzt, wou se och wierklech gebraucht ginn. D'Lokalsektioun vu Bascharage seet all deene Merci, deen duerch hire Besuch dës wichteg Missioun mat ënnerstëtzt hunn.