D'Péitenger Geschichtsfrënn op Besuch an der Ausstellung iwwer d'Gëlle Fra

De leschte Méindeg, de 27.Dezember am Nomëtteg hat eng Delegatioun vun de Péitenger Geschichtsfrënn (Amis de l'Histoire de la Commune de Pétange) sech Rendez-vous zu Niddderkäerjeng ginn fir d'Ausstellung iwwer "d'Gëlle Fra " kucken ze goen. Bei hirer Visite sinn si vum beschtbekannten Firmin Martiny duerch d'Ausstellung gefouert ginn. Si konnten vun him eng Parti intressant Detailler iwwer de Claus Cito a seng Wierker gewuer ginn. Wéi et sech esou fir Geschichtsfrënn passt, sinn och en etlech Froen gestallt ginn, déi all eng zefriddestellend Äntwert fond hunn. Wéi si heem gaange sinn, hu si missten zouginn, datt si eigentlech am Virfeld wéineg iwwer d'Schaffen vun dësem Kënschtler an d'Entstoen vu sengem Haaptwierk woussten. Dofir gitt dës Ausstellung kucken et ass de Méi wäert.

More news by Les Amis de l’Histoire de la Commune de Pétange >