De Feierwon, deen ass bereet!

Wéi am Sport, am Film an och a villen anere Beräicher, huet Lëtzebuerg seng Nues scho laang iwwert seng Grenzen ewech beweegt. Sou och bei der historescher Eisebunn, wou lëtzebuergesch Maschinne gär gesi Gäscht am Ausland sinn.


Des Kéier ass awer alles bëssi anescht. Eng Ekipp vun enger Doze Leit vum Train1900 fiert am August mat der Damplokomotiv Energie 507 vum Proprietär Jean-Marie Thill op Wolsztyn a Polen, fir do Gaascht um Dampfestival ze sinn, wou zum Beispill och eng Parade mat all den invitéierten Lokomotiven stattfënnt. An engem Spektakel gëtt dann am Depot Maschinn richteg an Szene gesaat. Den Festival den 19. an 20. August ass sécher een Highlight fir all Eisenbunnsfrënd.


Domat awer nach net genuch, d’Maschinn vum Typ KDL 7, wei och eng op der Diddelenger Schmelz gefuer ass, fiert bal dräi Wochen zu Wolsztyn zesumme mat enger belscher Lokomotiv am Regelverkéier. Dëst ass leider duerch vill restriktiv Reglemenattiounen zu Lëtzebuerg an an der Belsch net méi méiglech. Dofir profitéiert den Train1900 an seng Membere fir op dëser Platz hiert Kënnen an hire Knowhow ze beweisen an der Hoffnung, dass och déi Länner méi oppe fir esou Projete ginn.


No deenen dräi Wochen a Polen, ass de Spaass awer nach net eriwwer, am September soll den Zuch vum Train1900 mat der „Energie“ wei d’Maschinn genannt gëtt, duerch d’Däitschland iwwer d’Schinn an d’Belsch op Mariembourg iwwerfouert ginn. Zu Mariembourg ass d’Maschinn dann och do Gaascht um Dampspektakel vum 22. Bis den-24 September wou den Chemin de fer à vapeur des trois vallée hier 50 Joër feieren. Wärend dem Transfert vu Wolstyn op Mariembourg wäert Maschinn déi ganzen Zäiten ënner Damp stoen a vun de benevole Membere gefuer, geheizt an ëmsuergt ginn. No der ganzer Aventure geet et dann erëm Heem an de Fond-de-Gras.


Et ass sécher net déi éischte Kéier, dass eng Lokomotive vum Train1900 am Ausland ënnerwee ass an d’Energie war selwer och schonn mei dacks international op der Rull. Mä et ass eng absolut Première, dass eng lëtzebuergesch Ekipp sou laang

a vill mat Damp ënnerwee ass. Lo kann ee sech natierlech virstelle wéi vill Aarbecht dat alles ass, d’Maschinn muss am perfekten Zoustand si fir d‘Strapatzen ënnerwee och mat ze maachen. Dofir sinn d’Achsen nei gemaach ginn, de Kessel ass revidéiert ginn, d’Elektrescht ass nei, an den Tender ass verstäerkt gi fir just een Deel vun den Aarbechten ze nennen.


D’Goliath Aufgab war awer sécherlech déi ganz Organisatioun. Den Transport vum ganze Material iwwer d’Strooss wei och iwwer d’Schinn huet misse gereegelt ginn. D’Personal muss iwwer déi ganzen Zäit versuergt sinn. D’Kuel a d‘Waasser fir d’Maschinn huet missen opgedriwwe ginn. An et hunn misse bei villen Eisebunnen a Verwaltungen, Geneemegungen an Dokumenter ugefrot an accordéiert ginn.


No engem Joer, an dem eis vill Steng an de Wee geluecht goufen, steet déi ganz Ekipp schlussendlech an de Startlächer a freet sech riseg op dat Abenteuer dat virun hinne läit, fir mat vill Passioun eist d’Ländchen am Ausland op der Schinn ze representéieren.

Dëst ass eng Geschicht vu Feier, Eisen, Kuel, Mënschen a Leidenschaft…….