CTF Dol/Nacher huet fir d'Association des Anciens Combattants de Guerre gespend

1 275 Euro vum Erléis vun der Krautwëschfeier weidergin


Nacher: Wéi et schon säit Joeren zur Traditioun vun der Gaart an Heem Sektioun Dol/Nacher gehéiert, fir den Erléis vun der Krautwëschfeier ze spenden, ass viru kuurzem och am Festsall zu Nacher weidergefuert gin. No senge Wierder vu Wëllkomm a Merci vum President Jos Crochet ass de Buergermeeschter Jean- Paul Mathay op di schéin Traditioun vum lokalen Gaardeveräin agaangen, déi sech mat Freed an Ausdauer zënter Joeren beméihen fir dat schéint Fest vun Krautwëschdag all Joers op et Neis ze organiséieren. Luew an Unerkennung gouf et och vum Buergermeeschter fir di vill Spenden déi all Joers un verschidden wohltätig Organisatiounen verdeelt gin. Fir de Scheck vun 1 275 Euro huet den Anton Karpen als Vizepresident, am Numm vun der Association des Anciens Combattons de la Guerre 1939-1945, des Forces des Nations Unies et des soldats de la Paix Luxembourgeois, (A.A.C.S.P.L) villmols Merci gesoot fir de schéine Geste an huet a kurze Wieder d’Vereenegung héi zu Lëtzebuerg kurz virgestallt, der et hir Missioun et ass, fir un patriotischen Zeremonien ënnert anerem, dem 2. Weltkrich an dem Koreakrich deel ze huelen fir deene Gefaalenen hir Éier ze erweisen. 2017 hun sie ugefaangen fir sech méi intensiv fir de „soldat de la paix“ anzesetzen fir dat si an Zukunft och nit vergiess gin. (CR (Foto: Charles Reiser)