D'Hexemeeschter vun Nacher spenden un MEMA asbl.

Wei all Joër huet och dëst Joër Theateréquipe „Hexemeeschter vun Nacher“ een Deel vun hirem Benefice fir een gudden Zweck gespennt.

Den 25. November huet den Paquay Fernand, Président vun den Hexemeeschter vun Nacher, d’Memberen vun dem Verein an och vun der Equipe Tri2Pattes begréisst an hinnen säin déifsten Respekt fir den Bénévolat ausgeschwat an och Merci gesoot fir hiert Engagement. D‘Hexemeeschter waren stoltz Tri2Pattes, dei vum Dan Theisen an dem Fonfon vertruede waren, een Deel vun hierem Erleiss aus der lëschter Theatersaison als Don vun 1500 € dierfen ze iwerreechen. Donierwt huet hien der Theateréquipe vill Courrage fir dei kommend Theaterowender dei den 12., 13., 14., 19. an 20. Januar 2024 zu Nacher am Sall um 20:00 Auer (ausser Sondes den 14. um 18:00 Auer) statt fannen, gewenscht.

Den Dan Theisen huet hiererseits erklärt, dass sie als Tri2Pattes duerch d’Land zeihen fir Sketch-/ Cabarret- an Comedy Optrëtter opzeféieren, fir engerseits den Leit en Laachen an d’Gesiicht ze zauberen, nom Motto „Lachen fir een gudden Zweck“ awer virun allem, den Erleiss vun all denen Optrëtter integral un d’MEMA asbl (mema.lu; mon école mon avenir asbl), zou kommen ze loossen. Si engageiren sech am Bénévolat fir den Kanner an Jugendlechen an denen entleeënsten Regiounen am Senegal eng besser Schoul an Léierbedingen unzebidden andem si Projet’en fir den Bau vun neien Schoulen zesummen mat hieren Partner op der Plaatz, finanziell ze ennerstetzen an ze begleeden. Doniewt huet den Dan och nach op d’Joër 2024 higewissen wou si no engem ustrengenden Joër mat schreiwen, ausprobéiren an villen Prouwen, op hieren neien Programm „Fir Laachen drëckt dräi“, higewissen huet, wou si och rem hiren ganzen Benefice un dei betrëffend Projet’en spenden.

Bei engem gudden Patt an engem Maufel sin dun nach lang an den Owend ran Anekdoten an Zukunftspläng vun denen respektiven Vereiner beschwat gin, an dei jeweilig Datumer vun den Optrëtter ausgetosch gin.