Aweiung vum neien Comptoir

En Meinden Owend as zu Kielen an der Scheier den neien Comptoir vun den Nouspelter Buergbrenner ageweit gin. Bei deser Manifestatioun waren eis Memberen, eis Sponsoren, Simonsbrauerei vun Woltz, d' Firma Tramata an d' Firma Marc Bouchart an den Schäffen a Gemengerot inviteiert.
Et war een gelongenen Owend an ma kruten vill Erfolleg gewenscht mat eisem neien Comptoir, deen eis mei propper an mei schnell schaffen leist.
D' Nouspelter Buergbrenner soen eisen Sponsoren villmols merci dass sie eis bei eisem Projet sou gudd ennerstezt hun.