Eng "App" op Lëtzebuergesch: Dem Luly säi Memory

Zënter e puer Deeg ass en neit lëtzebuergescht “App-Spill” bei Apple am
iTunes Store ze fannen. Dem Luly säi Memory ass dat éischt “App-Spill”, dat
déi lëtzebuergesch Firma SynerMesh erausbréngt. D’Spillkonzept gouf an
Zesummenaarbecht mat Léierpersonal aus dem Cycle 1, Elteren a Kanner
entwéckelt.
Ewéi beim klasseschen Memory geet et drëm zwee identesch Biller ze
fannen, awer hei kritt e gehollef: D’Luly d’Eil schwätzt mam Spiller!
Op eng flott interaktiv Manéier gëtt d'Konzentratioun, d'Mémoire an déi visuell
Wahrnehmung gefuerdert ouni awer dee sproochleche Volet ze
vernoléissegen.
Niewebäi gett de Vokabulair gefestegt an erweitert an… et kann een och nach
eng aaner Sprooch léieren! D’Stëmm vun der Eil sinn Opnahmen vu Kanner,
déi an hirer Mammesprooch schwätzen.

De Spiller ka folgend Sproochen eraussichen: lëtzebuergesch, franséisch,
däitsch, englesch, italienesch an hollänesch.

http://itunes.apple.com/lu/app/lulys-memory-game/id490644546?mt=8&ls=1