„Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ : flott Blummepracht zu fairem Präis.

Motivéiert bis an d’Hoerspëtzen hunn sech „déi vum Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ Mëtt Mee un d’Wierk gemaach, se hunn erëm - ewéi a vergaangene Joren - e sëllegen Awunner aus der Gemeng Käerjeng an Nopeschuertschaften mat engem freedegem Grinsen am Gesiicht doheem beliwwert, dëst bei Kaiserwieder a ganz am Aklang mat der aler Bauerereegel : „Vor Bonifaz kein Sommer, nach der Sophie kein Frost.“

Ee frëndlecht Wuert haten si dobäi natirlech och parat, fir all Mënsch. Fläisseg Hänn hunn heifir iwwer zwee Deeg laang, am Kader vun enger grousser Sammelbestellung, insgesamt 1798 virbestallten Säck Buedem, Kräiderplanzen a Summerblummen getässelt, gesënnert, zesummegestallt an hunn dës zu gudder Läscht perséinlech bei d‘Leit heem gedroen. Déi meescht hunn sech kuerz drop selwer vif un hier Aarbecht gemaach, esou dass si sech och méiglechst laang un hire Blummen erfreeën dierften, iwwerdeems se beim Gaart an Heem Uewerkäerjeng schonn eng Ham opgeschnidden haten fir den Owend a gudder Gesellschaft auskléngen ze loossen.