Gaart an Heem Uewerkäerjeng : Rouse schneiden - Theorie a Praxis.

Mëtt Mäerz, …, als flotte Grupp hate sech Frënn a Memberen vum Gaart an Heem zu Uewerkäerjeng zesummefonnt. Ganz häerzlech wëllkomm geheescht huet si de Sascha Seresse, President vun der Lokalsektioun.

Och de Rémy Bintener, senges Zeechens Formateur, hat sech déi néideg Zäit ageplangt. Mat vill Geschéck huet hien op seng eegen a flott Manéier allerlee Interessantes a Wëssenswäertes zum Thema Rouse(-Schnëtt) vermëttelt a gewisen - ugefaangen mat deem passende Gaardegeschier an der néideger Fleeg vun deem selwechten. Iwwerhaapt war spontan beschloss ginn, d’Theorie deen Dag an der gudder waarmer Stuff ze vermëttelen, vu dass deen Moien och hefteg Knëppelsteng um Menü stoungen.

Ma dëst huet der Saach keen Ofbroch gedoen, ganz am Géigendeel. Den Interesse war grouss an d'Leit hate vill Froen. Mat dësen hu si de Formateur reegelrecht « gelächert ». Zur vollster Zefriddenheet vun allen, sinn dës kompetent a gedëlleg beäntwert ginn.

An esoubal d’Sonn nees luusse koum, ass et eraus an de Gaart gaangen. Hei konnt dann och, wien wollt, selwer ausprobéieren, wat grad bäigeléiert ginn ass.

Last but not least konnten a sinn bei dëser Geleeënheet dann och nach äifreg Kontakter geknäppt a gefestegt ginn. Ofschléissend ass alle Gäscht een Aperitif offréiert an eng gutt Bouneschlupp (op zwou Manéieren preparéiert) zerwéiert ginn.

Bei de Gäscht ass all dat, deene ville zefriddene Gesiichter no ze urteelen, nawell gutt ukomm. Fazit: à refaire.

Wien elo nach Froen huet oder eventuell am Comité hëllefe wëll, kann sech zu all Ablack gären un de Christophe Kieffer, Sekretär vum "Gaart an Heem Uewerkäerjeng asbl", wennen - ze erreechen ënner (+352) 661 / 271 070 (no 19h00) oder c.kieffer@aikq.de