Generalversammlung vum „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“

Mëtt Mäerz: de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ huet op seng Generalversammlung agelueden. Zuelräich Memberen a Frënn hunn d‘Invitatioun ugeholl. „Am Poly.“ ginn së, ganz häerzlech, empfaangen.

Ee breet Grinsen huet dee gutt gefëllte Sall dem President Sascha Seresse an d’Gesiicht gezaubert. Lokal Associatiounen – ënner hinnen d’Amis de la Fleur, d’Harmonie Hautcharage, Käerjeng hëlleft, ma och de Par-Rot an den Här Paschtouer - si gutt vertrueden. D‘CTF-Ligue huet sech gläich mat véier Leit, d’Éier ginn. Erfreet begréisst hien all "séng" Gäscht, an heescht se enthusiastesch wëllkomm. Vu villsäitegen a villfältegen Aktivitéiten bericht uschléissend de Sekretär, de Christophe Kieffer, well 22 huet eng déi aner gejot. Een ganz besonneschen Highlight war secher den Nationalkongress am Mäerz, ma d‘Kiischt um Kuch, dat war a bleift, d’Daf vun der neier Rous „CaraMia“. Së war gekoppelt un déi feierlech Aweiung vun der neier „Roseraie de Hautcharage“. Finanziell steet dëse Veräin – ewéi d’Tresorière Romy Kieffer-Thill anschaulech erklären a beleeë kann – op zolitte Féiss. Déi tadellos Buchféierung bestätegen hier, d’Revisoren Christiane Frisch-Erpelding a Romain Fehr an allebéid si gäre gewellt, des Tâche eng weider Kéier ze iwwerhuelen. Cotisatiounen fir dat kommend Joer? Déi bleiwen onchangéiert, ween hätt dat geduecht? D’Madamm Josée-Anne Siebenaler, Schäffin vun der Gemeng Käerjeng, belueft sech unerkennend iwwer d’Asazfreedegkeet vun dësem Veräin. Den Här Otmar Hoffmann, Generalsekretär zum Zentralcomité (CTF-Ligue), ënnersträicht zudeem, déi impressionnant Entwécklung vun der Uewerkäerjenger Sektioun an der rezenter Vergaangenheet. Ergänzend riicht de Sekretär dann och nach een direkten Appell an d’Ronn, fir esou un neien Comitésmemberen dozouzegewannen.

Ofschléissend geet d’Versammlung – no ganz ureegenden an ugereegten Diskussiounen am Sall – op en Enn, éier allen Uwiesenden Geleeënheet gebuede gëtt – dank Filmvirféierung – den Dag vu „CaraMia“ eng wieder Kéier matzëerliewen. Nom dësem offiziellen Deel invitéiert de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ nach op e gemeinsame Buffet a ween well, kann "CaraMia" beim Veräin - ënner " c.kieffer@aikq.de " nach ëmmer virbestellen.