Mat dem Gaart an Heem Uewerkäerjeng op de Spure vu fréier.

Visite vum Musée des Mines


Pensiounskeess, Krankekeess, automatesch Indexéierung vu Léin, Gehälter a Renten (, an dat fir jiddwereen), reguléiert Arbechtszäiten, bezuelte Congé, … , alles eng Selbstverständlechkeet, oder? Eben net! Dass deem nach laang net esou ass, gëtt engem zu Rëmeleng ganz séier nees bewosst.

Enn November hat de Gaart an Heem Uewerkäerjeng dohin - an de Musée des Mines - agelueden, wou den Här Baudouin Weimerskirch perséinlech empfaangen huet. Passend equipéiert ass et prompt, no kuerzer Aféierung, mat enger Grouwebunn bis an d’Galerie gaangen. De Guide huet hei duerch Stollen gefouert a "säi" ganze Grupp freedeg mat recherchéierten Erklärungen an interessanten Anekdoten versuergt.


Hell ewech begeeschtert huet sech dësen uschléissend nach an der Brasserie niewendrun mat enger gudder „Gamelle“ an e bëssi "Grouwewaasser" gestäerkt, éier et mat dem Bus erëm heem gaangen ass.