Uewerkäerjenger Kiermes mat Vizfest

Kiermesweekend ‘23, de « Gaart an Heem Uewerkäerjeng» huet op dat traditionellt Vizfest agelueden. De Reen huet een Dag Paus gemaach a wat an der Gemeng (an doriwwer eraus) Rang an Numm huet ass sech weise komm. Hierschtwieder, et ass kal, awer dréchen. Perfekt! Virum Veräinslokal geet et scho moies fréi lëschteg a lieweg erof. An der Woch gepléckten Äppel gi mat Begeeschterung zu zockerséissem Viz verschafft. Donieft gëtt frësch gebak. Taarten an Äppelklätz sinn deen Hit. Schmaachen ass Tromp : gudden Hausmaacher-Pâté kritt guer keng Chance, al ze ginn, am Nu ass e fort. Wie wëll, kritt nach e Kürbis (aus eegenem Ubau) mat heem.

Schutz viru Wand a Loft bidde grouss Zelter ënner deenen sech a geselleger Ambiance a mat engem Patt gestäerkt respektiv gewiermt gëtt. Um Menü stinn appetitlech Fësch a Fleesch-Plat‘en aus eegener Kichen. Markanten Highlight um Wupp vum Dag ass den Hämmelsmarsch, gespillt vun der „Harmonie Hautcharage“ - d‘Kiermesdrëpp a frësche Viz sinn alle Musikanten gewëss. A véier Wieder, e ganz gelongent Fest. Wat wëll ee méi?