Vill Uklang bei Generalversammlung vu „Gaart an Heem Uewerkäerjeng asbl.“

Ugangs Mäerz hat de Comité vum "Gaart an Heem Uewerkäerjeng asbl" Frënn a Memberen op seng uerdentlech Generalversammlung agelueden. Héicherfreet gewisen huet sech de President Sascha Seresse, hien huet déi 66 Leit déi dem Veräin séng Invitatioun ugeholl haten, wëllkomm geheescht an dunn flott duerch de Programm gefouert.

Ganz enchantéiert war och de Sekretär Christophe Kieffer, net zulescht wéinst der Presenz vun enger ganzer Partie vun neie Memberen an de Vertrieder vun e sëllegen anere Veräiner. Ongewinnt an originell ass säi Réckbléck des Kéier dann ausgefall – a form vun engem kuerze Filmchen. Vill ass am leschte Joer geleescht ginn, ma hien huet och net verstoppt, dass Verstäerkung am Comité duerchaus wëllkomm wär. Avis aux amateurs! Och déi aner Comitésmemberen, Marie-Jeanne Schambourg (Vizepresidentin) Hary DeJong, Jang Nilles a Laurence Koster (Neizougang) sinn eenzel virgestallt ginn. D'Tresorière Romy Kieffer-Thill huet dunn d'Relève geholl a plausibel duergeluecht, dass de Veräin finanziell op ganz zolidde Been do steet. Bei dëser Geleeënheet huet si sech dann och bei den „Amis de la Fleur Bascharage“ - déi sech 2023 leider opgeléist hunn - fir ee generéisen Don a Relatioun mat dem „Concours Villages fleuris“ bedankt. Béid Keesserevisoren, Christiane Frisch-Erpelding a Jean-Marc Koster, hunn déi gutt Keesefeierung op Anhieb bestätegt. Zudeem hu si allen zwee akzeptéiert, déi selwecht och am kommende Joer – gären - op een Neits iwwerpréiwen ze wëllen. Uschléißend huet den Tour-Organisator Frank deen nächsten Ausflug - am Juni geet et op Dinant - am Detail virgestallt. De Sekretär huet enchaînéiert an déi bevirstoend Aktivitéiten presentéiert. Fir e Rouseschnettcours, eng Kraiderwanderung an een Dagesausfluch konnt sech esouguer schonn sur place ageschriwwe ginn.

De Sekretär huet explizéiert, wisou eng Hausse vun de Cotisatiounen sech imposéiert. Dëser ass zougestëmmt ginn, ab 2025 ass eng Memberskaart schonn zum Präis vun 15.- Euro ze kréien.

Den Här David Hengen, President vun der Regionalkommissioun Süden huet sech iwwer déi gutt Zesummenaarbecht belueft an Madamme Mireille Duprel, Schäffin vun der Gemeng Käerjeng huet e puer interessant Informatiounen mat op de Wee ginn, éier de Comité sengen Invitéen Ried an Äntwert gestanen huet. Dunn huet de Veräin säin traditionelle kale Plat opgedëscht. Fir Furri gesuergt huet nach eng Tombola, bei där et vill flott Präisser ze gewanne gouf. A gudder Ambiance ass den Dag dunn zesummen ausklénge gelooss ginn. (Kontakt : c.kieffer@aikq.de )