Vizfest zu Uewerkäerjeng
to see more pictures.
De Gaart an Heem bréngt Liewen an d’Duerf.
Éischte Samschdeg am Oktober, traditiounsméisseg bréngt de Gaart an Heem zu Uewerkäerjeng nees Liewen an d’Duerf. D’Wieder, dat ass onbestänneg, kal a naass. Um Programm sti Schaueren a Reen. An dach, …, viru sengem Lager huet de Veräin - preventiv - eng ganz Batterie un Zelter opgeschloen. E wonnerbaren Doft läit hei an der Loft: scho vu wäit klëmmt engem de Geroch vu selwer (op der Plaz) gebakenen Taarten, Muffins an Äppelklätz bis an d’Nues. Et richt herrlech, e Genoss. Frëndlech amenagéiert Stänn, richteg aluedend hiergeriicht, bidden Amateuren - Memberen, Frënn a Bekannten vum Veräin, oder eben där déi dëst nach wëlle ginn – eng wëllkomm Méiglechkeet, nieft alle genannte Produkter och nach selwer gekachtent Gebeess an een éierlechen Hausmaacher-Paté ze probéieren, an/oder ze kafen. Eng besonnesch Kuriositéit awer ass de Limoncello, „Schwaarz ewéi d’Séil“, eng „édition spéciale“ déi d’Associatioun bei Geleeënheet vun hirem 55ten Anniversaire geschaafen huet. Schéi Kalbassen, natierlech lokal ugebaut, ginn et och. Am Mëttelpunkt vun alldeem awer steet ... frësch gepresste Viz, orange-brong liichtend an der Faarf an zockerséiss am Goût. Begeeschtert Kanner setzen op engem Koup voller Äppel an hëllefen beim Sortéieren a Wäschen vun dësen. Hier Freed ass net ze iwwersinn, si geet spontan op anerer iwwer. A wien en Honger oder Duuscht plot, deen mécht sech et am Park niewendrun gemitterlech, hei lueden iwwerdeckten Dëscher a Bänken an, sech mat enger Hax aus dem Smoker „eege Fabrikatioun“ oder engem Wirschtchen, passend mat Sauerkraut a gebootschte Gromperen zerwéiert, ze stäerken an/oder e Patt a geselleger Ambiance ze genéissen. Aktuell setzt sech de Comité folgendermoossen zesummen: Sascha Serresse (P), Marie-Jeanne DeJong-Schambourg (VP), Christophe Kieffer (S), Romy Kieffe-Thill (T), Henri DeJong, Jean Nilles a Luc Bauer. Wien sech iwwer weider Aktivitéiten informéieren, oder dem Virstand eventuell bäitriede well, Nowues ass ëmmer wellkomm, kann sech gären un de Sekretär Christophe Kieffer wenden. Ze erreechen ass dësen ënner der Nummer 661 / 271 070 oder per Email (c.kieffer@aikq.de).