Den Déifferdenger Theater spillt LÉIWE KLEESCHEN, BÉISE KLEESCHEN

Den Déiffererdenger Theater

Théâtre Municipal de la Ville de Differdange a.s.b.l.
presentéiert zu Uewerkuer am Theaterssall:

LÉIWE KLEESCHEN, BÉISE KLEESCHEN

vum Josiane Balasko an d´Lëtzebuergescht iwwersat vum Guy Vonken a Renée Schill


Première: 19. Januar 2013 um 20,00 Auer

weider Virstellungen:

20.01.2013 um 18,00 Auer
27.01.2013 um 18,00 Auer
03.02.2013 um 18,00 Auer
08.02.1013 um 20,00 Auer
09.02.2013 um 20,00 Auer
10.02.2013 um 18,00 Auer
15.02.2013 um 20,00 Auer
16,02.2013 um 20,00 Auer
17.02.2013 um 18,00 Auer

LÉIWE KLEESCHEN, BÉISE KLEESCHEN

Fällt iech de Plafong op de Kapp? Ass d’Liewen ongerecht? Geet et guer nët méi?

Da ruft bei SOS-Misère un! SOS-Misère, daat ass eng Equipe vu Fraiwëllegen, déi Iech an alle Situatioune weiderhëllefen - oder daat op d’mannst emol mengen.

Et ass Hellegerowend an et ass allerhand roueg bei SOS- Misère. Awer nët laang, dofir suergen ee liicht depressiven Auslänner, deen d’Equipe vun SOS-Misère mat allerhand Sauer...., pardon, Spezialitéiten aus sengem Land bei Laun hällt, d’Katja, eng Fra mat Liebeskummer an daat nët wierklech intelligent Josette mat sengem verspéitenen, zimmlech brutale Kleeschen alias Felix.

Mee och de Pierre an d’Thérèse, eis Hobbi-Psychologen vun SOS-Misère, si psychesch net esou stabil, wéi ee sech daat vun Telefons-Séilsuerger erwaarde géif.

Schwéier ze soen, wien hei keng mat der Ratsch huet...
Wien hei net laacht ass selwer Schold !





Fir en turbulenten Owend suerge:

Guy Geimer, Marcel Heintz, Anne Schdeck, Jules Orlando, Nathalie Gira, Roland Flenghi, Claude Leus a Marco Agostini

Regie: Romain Pierrot
Regieassistenz:Chantal Mentz - Nether a Rachel Leus
Technik:TMD Equipe


Entrée: 10,00 €

Reservatiounen:
op www.tmd.lu oder Tel: 691 616 587
(Meindes bis Freides vun 18,00 Auer - 20,00 Auer)

Esou fannt Dir eis :
De Sall ass an der Bouweschoul an der rue Jean Gallion zu Uewerkuer / Déifferdeng