80 Joer no der Befreiung vu Lëtzebuerg, den 2ten Weltkrich am Syrdall
Kierzlech huet d’Ausstellung vun de NaGIS iwwert den 2ten Weltkrich am Syrdall zu Éiter statt fonnt. De Vernissage vun der Ausstellung mat Dokumenter, Relikter an Erzielungen aus der Zäit vum „40er Krich“ a senger Befreiung viru méi ewéi 80 Joer war gutt besicht. Vill Leit haten de Wee op Éiter an de Centre Culturel „Am Medepull“ fonnt fir bei dëser Geleeënheet de Referat vum Här Frank Rockenbrod, Präsident vum „Musée National d’Histoire Militaire“ vun Dikrech ze lauschteren. Weider Informatiounen iwwert déi deemoleg Zäit huet den Här Josy Lorent, Präsident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“ de Leit matgedeelt. E Wuert zur Ausstellung an e Luef un d’Natur a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall fir déi domat verbonnen Aarbecht zu der Recherche an der Präsentatioun, hunn och den Här Claude Marson, Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter, an d'Madamm Marion Zovilé, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Conter un d'Leit geriicht. No der Erëffnung vun der Ausstellung konnten sech d'Besicher bei engem Patt iwwert déi däischter Zäitgeschicht aus de 40er Joren austauschen.