Leschten Danz «am» Danzsall vun den Ollemer Pompjeeën

En ass net méi, den Danzsall vun den Ollemer Pompjeeën. Leider!

Joerzéngten hun d’Mariette an d’Jeanny an dësem Sall gedanzt.

En Donneschdeg, hun déi zwee dann elo eng lescht Kippchen gedronk (Bild 1), do wou fréier de Comptoir stoung. Natierlech hu se och eng lescht Walz gedréint (Bild 2), allerdéngs war d’Pist net déi selwecht wéi am Sall – sic. Mariette a Jeanny: «am Sall war déi bescht Danzpist aus dem ganze Lëtzebuerger Land».