90 Käerzen op dem Kuch vun der Madame Mergen-Schiltz

Mme Jeanne Mergen-Schiltz huet den 25.Nov.an der Seniorie St.Joseph zu Péiteng ,wou si säit dem 19.Dez.2019 ass, hir 90 Joer gefeiert. Sie gouf den 25.November 1931 gebuer als Elst vu 4 Kanner.

Sie gouf bestuet 1952 a krut mat hirem Mann, dem Här Henri Mergen, deen den 8.September 1977 vill ze freih gestuerwen ass, 5 Kanner de Marc, d’ Marie-Josée, de Raymond , d’ Marie-Paule an den André. Sie ass ëmmer gären gereest an gëtt sech vill mat hiren 8 Enkelkanner of.

Gefeiert gouf an der Seniorie wou d’ Mme Séverine Toffoli, am Numm vum Direkter Laurent ORIGER, an d’ Presidentin Eugénie DERUME vun der Amicale hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn. D’ Gratulatiounen vun der Gemeng Péiteng huet de Buergemeeschter Pierre MELINA an den Här Romain MERTZIG iwwerbruecht. Zesummen mat der Famill ass ugestouss ginn.