BAMPLANZAKTIOUN am Kader vum « Nationalen Dag vum Bam » - Challenge 2025

D'Theaterfrënn vum Home Péiteng soen der Theaterequipe « Cercle dramatique Rodange » Merci fir d'Nominatioun an dësem Zesummenhank.


Mir hu Méindes, de 24. November eise Bam an de Gaart vun der « CRÈCHE KORDALL » geplanzt.


D’Theaterfrënn vu Péiteng hunn:

d’Lëtzebuerger Guiden a Scoute - Sektion vu Péiteng,d’Seniorie St. Joseph - Zitha Senior vu Péiteng an d'Crèche « Villa Bambi » vu Rodange,

nominéiert fir och e Baam ze planzen.


Mir hoffe jidderee war bereet fir bei dëser flotter Aktioun mat ze maachen.