D’ Seniorie vu Péiteng kritt e MemoMoto an eng sensorech Decken iwwereecht

D'Amicale aus der Seniorie vu Péiteng iwwerreecht e MemoMoto an eng sensorech Decken un’ d Seniorie St Joseph vu Péiteng.

De MemoMoto besteet aus engem Bewegung’s Trainer den virun engem Bildschierm steet, op deem richteg Vëlosweeër gewise ginn. Zum Beispill e Wee wéi: "Loosst eis an d’ Kierch fueren oder “Ronderëm de Séi!" Dëst bitt déi noutwenneg Motivatioun un, fir sech instinktiv ze beweegen an fir en’ t Zil wëllen ze erreechen.

D' Film Opnamen ginn individuell no Wënsch gemaach; de Résident kënn, zum Beispill, laanscht d' Musel fueren an aner Läit treffen. D' Film Strecken lafen nëmme soulaang de Benotzer sech beweegt. Sou ass een méi laang a méi dacks an Bewegung.

Zousätzlech gouf eng sensoresch Decken fir d' Résidenten kaaft. Déi sensoresch Decken ass en therapeutescht Instrument, dat Behandlung vu Verhalen Stéierungen, wéi Demenz, bei eelere Läit ouni Medikamenter erméiglecht. Se besteet aus engem gehëtzten System dee vibréiert a kann verschidden Aarte vu relaxer Musek spillen. Ausserdeem besteet se aus Elementer déi taktil a visuell Exploratiounen erlaben mam Zil de Mënsch friddleg a berouegend ze stimuléieren.

Esou erméiglecht dës Decken eng total Entspanung, an berouegt effektiv de Mënsch, den sech an enger Situatioun vun Angscht, Opreegung an souguer Aggressioun befënnt.

D' Seniorie St Joseph zu Péiteng ass ganz dankbar fir déi grouss Hëllef an déi aktiv Ënnerstëtzung déi d’ Amicale den Awunner a esou wichtege Situatiounen ubitt. E grousse Merci!