Den Här Noel PALUDO huet säin 95. Gebuertsdag gefeiert

D'Amicale vun de Seniorie St Joseph vun Péiteng hat déi grouss Freed den 5. August 2025 dem Här Noel PALUDO säin 95ten Gebuertsdag ze feieren. Den Direkter Laurent Origer am Numm vun der ganzer Seniorie, d’ Präsidentin Eugénie DERUME am Numm vun der Amicale an den Här Jean-Marie Halsdorf am Numm vun der Gemeng hunn dem Jubilar zu sengem Gebuertsdag di allerbescht Gléckwënsch iwwerbruecht. Di vill Blummen a Kaddoen zu dësem schéinen Festdag hunn him och ganz vill Freed gemaach. Duerno ass zesummen mat der Famill ugestouss ginn an jiddereen huet sech e Stéck vum Gebuertsdagskuch ganz gutt schmaache gelooss.