Ee neie Logo fir de Gemengesyndikat S.I.A.CH.

No 25 Joer existenz, gëtt de Logo vum Gemengesyndikat S.I.A.CH. erneiert.

De S.I.A.CH. steet fir Syndicat Intercommunal pour l'Assainissement du bassin de la Chiers an huet als Haaptmissioun d'Ofwaasser vun de véier Membersgemengen Déifferdeng, Käerjeng, Péiteng a Suessem ze sammelen an ze klären, éier d'Waaser, iwwert d'Chiers (Kor), rëm an den natierlechen Waasserkreeslaf gelaangt.

Den 25. Anniversaire vum Gemengesyndikat wéi och d'Vergréisserung an d'Moderniséierung vun der Péitenger Kläranlag bidden eng gutt Geleeënheet fir dem Logo een neie "Look" ze verpassen. Méi modern a mat enger eleganter Dynamik gëtt dëse neien Logo offiziell ab dem 1. Abrëll agesaat.


De Bureau vum Gemengesyndikat M. Roland Breyer, M. Steve Gierenz, Mme Josée-Anne Siebenaler-Thill, M. Tom Ulveling