Éischte Spilldag vun der Seat-Winandy Ligue 2019/2020

Den 3. Oktober war den Ufank vun der Seat-Winandy Ligue fir déi nei Saison déi exklusiv am Bowling Center zu Féiz ofgehale gëtt.

D'Team vun de Panthers Gold hu géint d'Luxembourg Eagles grad souwéi d'TNL 1 Team géint d'Reptiles ouni Punkteverloscht ugefaangen, béid hunn 10 Punkte gewonnen. Déi zwou Equipe vum Roude Léiw hunn en interne Kampf gehat an de Roude Léiw 1 verléiert 4 zu 6 Punkte géint seng zweet Equipe. D'Team vun den Turkey Hunters hu gläich gespillt an sech d'Punkte mat de Panthers Black 5 zu 5 gedeelt. D'Equipe TNL 2 war Spillfräi, an all Ronn ass eng Equipe Spillfräi (ausser an de Positiounsronnen).

Am ganze sinn 11 Spilldeeg um Kalenner fir dës Saison. Et sollt bemierkt sinn datt d'Seat Winandy Ligue offiziell als Qualifikatioun fir d'Participatioun vun de lëtzebuergeschen Equippe fir beim DBV-Europachampionnat am Juli 2020 zu Ludwigshafen gespillt gëtt.

Exzellent Leeschtung vum Arsène Marth, hien huet déi zweet-héchst Serie zënter der Grënnung vun der Seat-Winandy Ligue mat 254, 195, 252 an 254 Pins gespillt, e Scratch vun 955 Pins iwwer 4 Partien (238,75 Schnëtt Scratch) wat an der Handicap Wäertung 1011 Pins duerstellt (252,75 Hdp-Schnëtt).

All d'Resultater op www.luxbf.lu