Schueberfouer zu Péiteng

Fir d’ Bewunner huet d’ Seniorie St Joseph Péiteng décidéiert d’ Schueberfour op Péiteng ze bréngen. Den 2. September ass mat dem Duerchschneiden vum Bändegen d’ Péitenger Schueberfouer offiziell op gemeet ginn. D’ Enthousiasmus vun jidderengem ass ganz grouss gewiescht. Vill Stänn sinn opgeriicht ginn, an dat gung vum Kugel a Keele schéissen, iwwert fëschen an Waaser Spiller. Natierlech huet fir Gedrénks an Iessen näischt gefeelt, alles wat d’ Häerz begiert ass do gewiescht Churros, Beigneten, Uebst an nit ze vergiessen déi absolut Eisekuchen vun der Amicale mat Äerdbieren, Ananas, Meloun an Schlagsahn. Natierlech huet den Hämmelsmarsch nit gefeelt, den dunn leider den Ofschloss vun engem gelungenen Fest agelaut huet, eent Fest wou jiddereen eng Hand mat ugepaakt huet an all den Residenten eng ganz grouss Freed gemeet huet fir d’ Schueberfouer méi no bruecht ze hunn.