De Fliederchersdag um Sichenhaff, eng al Tradition op Sichenhaffer Kiermesdag

Eng 30 Interessenten hate sech den 10. Mee 2025 an d’Sichenhaffer Kapell deplacéiert fir den traditionelle Fliederchersdag op Sichenhafferkiermesdag ze feieren. Eng al Traditioun, déi zréckgeet op d'Zäit, wou Dammen aus der Uewerstad Fliedercher gebak a verkaf hu fir deene Kranken um Sichenhaff ze hëllefen.

Merci dem Paschtouer Nico Jans, de Choralen aus dem Dällchen, dem Gronn a ronderëm, dem Koschter an dem Service des cimetières vun der Stad.

En Don vun EUR 230 konnt mat de Spenden un e gutt Wierk goen.