Mat Posaunen an Trompetten ...

... ass de Samsdeg zu Reckéng de Kleeschen empfange gin.

D'Schoulkanner haaten dem Kleeschen a séngen 2 Houséckergesellen ënnert der Lédung vum Schoulpersonnal e puer schéi Lidder gesongen a goufen, no dem Kleeschen sénger Ried, mat enger Tuut mat Schneeckegkéte belount.

Den Empfang vum Kleeschen huet déi Reckénger Musék musikalesch encadréiert, an d'Reckéger Pompjéen hunn den Hellege Mann begléet.

Duerno konnt én um Chrëschtmaart vun de Veräiner aus der Gemeng nach e puer flott Momenter verbréngen.