Reckeng op der Mess sammelt fir de gudden Zweck !

Fir deenen Leit ze hëllefen déi et an der Wanterzäit net einfach hunn, huet d'Gemeng Reckeng op der Mess eng grouss Schlofsaksammelaktioun gestart.

No 5 Wochen konnten 32 Schlofsäk a 7 Isomatten gesammelt ginn. Dës Collecte gouff den 13.12.2018 vum Schäffen a Gemengerot un d'Direktrice vun der Stëmm vun der Strooss asbl iwwerreecht. D'Gemeng as houffreg dass si mat hierer Aktioun e puer Leit e besse méi warem duerch de Wanter bréngen.