ALR Ninja Warrior: Don fir den Télévie

D'Sportsoptioun aus dem Atert-Lycée huet am Kader vum Télévie 2022 Enn Abrëll den éischten ALR Ninja Warrior organiséiert.

Fir Reklamm ze maachen hunn d’Schüler vun der Optioun Sport am Virfeld ee ganz flotte Video produzéiert, sou datt d'Athlet*innen sech konnte moralesch awer och physesch op des Erausfuerderunge preparéieren.

No ville Woche Preparatioun mat hiren Enseignanten ass mëttwochs no der Schoul d'Sportshal vum Atert-Lycée an eng Ninja Arena ëmgebaut ginn. Op 8 ganz ënnerschiddleche Statioune hunn iwwert 100  Schüler*innen un dësem Challenge deel geholl.

D'Schüler*innen an d'Enseignanten déi matgemaach hunn, hunn sech hiert sportlecht Engagement als Ninja sponsere gelooss.

Sou konnt den Atert Lycée dem Centre de promesse vu Mäerzeg 2200€ fir d'Recherche géint de Kriibs bei Kanner iwwerreechen.

Un dësem Projet waren nierft den Enseignanten Jessie Heintz an Thierry Krieps folgend Schüler*innen bedeelegt:

Rommes Zoé; Wolff Lena; Decourtray Charlotte; Kneip Lisa; Mangen Céline

Felber Davis; Edert Noah; Wolter Mathis; Magalhaes Ribeiro Gabriel; Frank Sam; Schroeder Kim; Frauenberg; Reuter Jonah; Fischbach Kevin; Rossi László