D’Chorale Ste-Cécile vu Réiden huet och 2025, wéi all Joer am Mount November, de Festdag vun der Helleger Caecilia, der Schutzpatréinisch vu Musik a Gesank, gefeiert. Zesumme mat der Réidener Musik huet de Réidener Gesank fir di musekalisch Gestaltung vun der feierlicher Caeciliemass gesuergt, déi vum Abbé Jacques Bagnoud zelebréiert gouf.
Am Kader vum traditionelle Caeciliebanquet si verschidde Membere vun der Chorale fir laangjärig an trei Mataarbicht geéiert ginn. Fir 10 Joer aktive Member kruten d’Vori Richea d‘Médaille en Bronze, a fir 50 Joer d’Beby Raach d‘Plaquette en Or mat vill Luef vun der Präsidentin Susi Reichling iwwerreecht.
Schonn am Oktober haten den Tun Glaesener an de Fernand Scholtus vum Kardinol Jean-Claude Hollerich perséinlich den Diplôme d’Honneur fir 60 Joer Memberschaft iwwerreecht krit. Beim Banquet goufe si duerfir nodréiglech vun alle Sängerinnen a Sänger häerzlich felicitéiert an applaudéiert. E grousse Luef goung och un d‘Josette Ourth, déi zënter zwanzig Joer Dirigentin vum Réidener Gesank ass, an un den „Hausorganist“ Carlo Philippe. Fir hiert onermiddlicht Schaffen am Laf vum ganze Joer gouf hinne mat engem passende Kaddo e spezielle Merci gesot. (Foto: Léon Rasqué)