Réiden/Atert: Mat 85 Joer sëch bei gudder Gesondheet nach ganz gut ze fillen, dat Gléck huet de Jos Beck, den zënter Juli 2024 zu Réiden/Atert a sengem neien Appartement zu Réiden/Atert wunnt, an och do séin Liewensowend ganz zefridden och kann do verbrëngen. De Jos Beck huet d‘Liicht vun der Welt den 21. September 1940 als jëngsten vu véier Kanner zu Eischen erblëckt. Seng Elteren, och allen Zwee och vun Eischen, waren den Nicolas Beck an d’Josephine Tibor. Sengt deeglicht Brout huet de Jubilar op der Arbed Déifferdeng bis zu senger Pensioun am Joer 2000 verdëngt. Haut gehéieren e Jong an zwee Enkelkanner zur Famill vum Jos Beck. Mam léisen vun Kréizworträtselen könnt beim Jos och guer keng Langweil op. Mat enger gudd gefëllter Corbeille war de Schëffen Jeff Lisarelli mam Konseiller Norbert Nilles bei de Jos Beck heem komm, fir dem Gebuertsdagskand zu sengem 85. Liewensjoer am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert och ganz häerzlich ze gratuléieren. Ganz iwerrascht iwert de schéine Geste vun der Gemeng ass dunn zesummen mat der Famill op weider gesond an zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)