Dem Léo Weyland zum 90. Gebuertsdag gratuléiert


Réiden/Atert: Zënter Oktober 2023 verbrëngt de Léo Weyland vu Platen säin Liewensowend am HPPA- Réiden/ Atert, wou hien ganz gutt versuergt gëtt. Hei konnt hien säin 90. Gebuertsdag och feieren. De Léo Weyland ass den 22. Juli 1935 als den eelsten vun dräi Kanner zu Platen (Préizerdaul) op d’Welt komm. Seng Elteren waren de Louis Weyland vu Platen an d‘Marguerite Goedert vu Rëmmerig. 1962 huet hien sech mam Nicole Schlesser vun Déifferdeng bestued. Hir grouss Freed waren hir zwee Kanner Jacques a Françoise. Haut gehéieren dräi Enkel- an engt Urenkelkand zur Famill Weyland- Schlesser. Bis zu senger Pensioun war de Léo e ganz kompetenten an engagéirten Englisch- Professer am Lycée Michel Rodange zu Lëtzebuerg. Sengt ganzt Liewen war de Léo mat sengem Heemechtsduerf dem Préizerdaul verbonnen an huet sech ganz vill um Duerfliewen engagéiert. Leider ass seng léif Madame Nicole am Dezember 2021 verstuerwen. Mat e bësse Verspéidung war de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengen zwéin Schëffen Fernand Muller an Marc Rehlinger bei de Jubilar mat enger gut gefëllter Corbeille an d’Altersheim op Réiden komm fir dem Léo zu sengem Gebuertsdag am Numm vun der Gemeng Préizerdaul di allerbëscht Gléckwënsch ze iwerbréngen. Gratulatiounen koumen och vum Home- Direkter Dany Oestreicher bei deser schéiner Feier. Zesummen ass mat der Famill, der Gemeng an der Direktioun d’Glas erhuewe gin an op de 90. Gebuertsdag ugestouss gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)