Di Réidener feieren hir 80 Joer


Réiden/Atert: De 15. Oktober 2016, hun mir eis fir d'Läscht getraff, deemools wat er fir eis 71!!!! Haut- 9 Joer mei spéit- nit grad mi esou jonk, awer nach gudd a Schoss, wär et un der Zeit fir eis nees erëm ze gesinn. ! Esou stong op de Aluedung vum Linckels Paul, Fautsch Marcel a Léa Reiser- Goergen, déi fir e Mëttwoch de 17. Dezember an de Restaurant "Péitche Lauer" op Useldeng invitéiert haten. Zesummen ass a do a flotter Ambiance di 80 Joer och gebührend gefeiert ginn. Si all an och deels mat hiren Dammen hun sech de gudde Menü mam Dessert a Kaffi och ganz gutt schmaache gelooss. De ganze Nommëtteg iwwer sin a gudder Gesellschaft vill Anekdoten aus dem aktiven a passive Liewen nees opgefrëscht gin. Beim Abschid war jiddereen och ganz averstan, esou engt Treffen a kommender Zeit erëm ze organiséieren. (CR) (Foto: Charel Reiser)