1 500 Euro un „Plooschter Projet „ iwerreecht
Redingen/ Attert: Neilich hun sech d‘Virstandsmemberen vun der der Gaart an Heem- Sektioun Réiden / Attert am Kader vun hirem traditionellem Hierkenowend, den 21. November, am Festsall zu Ospern vun hirer sozialen Säit gewiessen. Si hun nämlich e Scheck iwert 1 500 Euro un den Gérard Peters fir de Plooschter Projet iwergin. Dess Suen stellen den Deel Erléis vum Hierkenowend 2024 duer. Mat engen grousse Merci fir de schéine Geste, huet den Här Peters de Plooschter Projet kuurz virgestallt, wou dess Suen integral an d‘Forschung vun de Stammzellen am Kampf géint Leukemie och wirkungsvoll investéiert gin. (TEXT/FOTO: CHARLES REISER)