Réidener Wanterlaf ënnerstëtzt U.B.K.A Lëtzebuerg - Biker mat groussem Häerz


Réiden/Atert: Lafen a Walken“ fir de gudden Zweck, ass d’Megaveranstaltung, déi den dynamischen Veräin „ Réidener Wanterlaf“ all Joers säit hirer Grënnung am Joer 2007 op en Néits Ugangs Januar, zu Réiden/Atert, organiséiert. De Komité vum lokalen Veräin mat sportlichem Charakter, huet sech vun Ufank u virgeholl, fir den Deel vum Erléis vun desem Event an hiren weideren Aktivitéiten vum Joer ze benotzen, fir e gutt Wierk ze ënnerstëtzen. Am Verlaaf vum Adventsmaart 2025 beim Réidener Lycée hat de President Tom Faber mat sengem Virstand di grouss Freed gehaat, fir e Scheck vun 1 000 Euro bei deser gudder Geleeënheet, können ze iwereechen. No sengem Merci un all Bedeeligten a Benevolen an dem ALR huet hien mat besonneschen Stolz vermierkt, dat de Réidener Wanterlaf zënter hirer Grënnung, déi stolz Zomm vun bal 250 000 Euro bis elo fir gutt Wierker weidergereecht hun. Mat besonnescher Freed verbonnen mat engem grousse Merci fir den schéine Geste huet de Georges Theis, als President, seng Vereenegung- U-B.A.K.A.,(Urban Bulldogs Against Kids Abuse), als weltwäit Bikervereenegung kuurz virgestallt, déi mat hirer Leidenschaft fir Motorrad fueren, mat hirem Bedürfnis verbonnen, denen Schwächsten- an dat d’Kanner- an der Gesellschaft ze hëllefen. Si ënnerstëtzen a begleeden d’Familjen mat hire Kanner déi op hirem Schoulwee belästigt oder gemobbt gin,si ze beroden an och dat betrëffend Kand bei Bedarf- mat ausdrëcklecher Zoustëmmung vun den Elteren- op hirem Schoulwee ze begleeden. Dess Suen gin bestëmmt fir zum Wuel vun de Kanner zu engem sëchere Wee an eng besser Zukunft och ganz wirkungsvoll bäizedroeen.. (CR) (Foto: Charles Reiser)