Rëmmerig: Mat 90 Joer nach fit ze sin, dat Gléck hat d’Hélène Schmit viru kuurzem, dat zënter Januar 2000 zu Rëmmerig (Préizerdaul“ säin Liewensowend verbrëngt. Gebuer gouf d’Hélène den 27. Juni 1935 zu Käl, als dat jëngst vu véier Kanner aus dem Bestiednis vum Ferd Schmit vu Käl an Marie Ostermann vun Téiteng. Nodeems dat d’Hélène Schmit als Laborantin tätig war, huet d’Geburtsdagskand duerno wärend 20 Joer am Kannerduerf zu Miersch geschafft, an dat bis zur wuelverdingter Pensioun. Hir Fräizäit war gut gefëllt, als Member vun der demoliger Gaard an Heem Sektioun Préizerdaul. Den 5. September 2005 ass Hochzäit gefeiert gin mam John Bintz vun Useldeng. Zënter dem Doud vun hirem Mann, den 24. Januar 2020 liewt d’Hélène eleng an hirem Haus zu Rëmmerig a fillt sech nach bei gudder Gesondheet. Fir den 90. Gebuertsdag besonnesch ervierzehiewen, war de Buergermeeschter Marc Gergen zesummen mat sengem Schëffen Fernand Muller mat enger gut gefëllter Corbeille beim Hèléne Bintz – Schmit op Rëmmerig komm, fir dem Hélène am Numm vun der Gemenge Préizerdaul di allerbëscht Gléckwënsch ze iwerbrëngen. Duerno ass zesummen, d’Glas erhuewe gin, an op weider zefridden a gesond Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)