2 Joer Lëtzebuerger "Dreams-do-not-burn"- Spezialtimberen

2 Joer Lëtzebuerger "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimberen
als privat Spendensammelaktioun fir d'Ukrainesch Rout Kräiz



Zënter dem 24. Februar 2022 ass d'Ukrain duerch de russeschen Iwwerfall ëmmer nees Affer vu bluddegen Attacken am ganze Land, well et keng Plaz an der Ukrain gëtt, di bis elo vu russeschen Ugrëffer verschount bliwwen ass.

Di rezent Nouvellë vun enger neier russescher Groussoffensiv bei Charkiw sinn och Beweis dofir, dass dëse brutale Krich leider nach onverännert weidergoen a vill zousätzlech Leed a mënschlech Affer mat sech brénge wäert.

Honnertdausende vu Mënschen, di nach ëmmer an hiren Dierfer a Stied wunnen, versichen op di eng oder aner Aart a Weis ze iwwerliewen, duerzehalen an net opzeginn - ënnerstëtzt all Dag vun hirem Roude Kräiz sur place, mat ganz villen Volontairen, di all Dag hiert eege Liewe riskéieren, fir de Léit am ganze Land ze hëllefe mat de Konsequenze vun dësem brutale Krich eens ze ginn.


Fir de Léit an der Ukrain direkt a séier kënnen Hëllef unzebidden, an d' Ukrainesch Rout Kräiz mat hiren couragéierten Asätz fir hier eege Bevëlkerung ouni Ëmweeër ze ënnerstëtzen, konnten duerch de karitative Verkaf vu mengen "Dreams-do-not-burn" - Spezialtimberen an de lëschten 2 Joren ëmmer nees wichteg Donatiounen direkt u Kiew iwwerwise ginn, di sech immens iwwert all dës wichteg Contributioune fir hier Missiounen an Asätz gefreet hunn.


Zënter dem 15. Mee 2022 - a bis haut 15. Mee 2024 huet dës Spendensammelaktioun eng remarkabel Zomm vun iwwert 3.900 € kënne mobiliséieren - an als But d‘honneur gëllt, eng Endzomm vu 5.000€ nach dës Joer ze erreechen.


Vill Privatstéit, kléng a gréisser Betriber, eng Rëtsch vu Gemengen an och di eng oder aner gréisser Associatioun an Entreprise hunn duerch hiert d'sozial Engagement Honnerte vu menge "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimbere bestallt a weisen duerch hiren Asaz hier Verbonnenheet zu eisen ukraineschen Noperen an dem Ukrainesche Roude Kräiz zu Kiew, dem seng Volontairen all Dag hiert d'Liewe riskéieren, fir hire Léit an all kléng Duerf awer och an de grousse Stied ze hëllefen, mat de schlëmmste Konsequenze vun dësem Krich besonnesch och géint d' Zivilbevëlkerung eenegermoossen iwwert d' Ronnen ze kommen.

Verkaaft net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee entretemps och bis an Australien, ganz Europa a virun allem och an d' Ukrain selwer, sinn d' "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimberen eng ganz unique Aart a Weis, sech mat eisen ukraineschen Nopere solidaresch ze weisen an hinne mat all eenzel Timber kënnen direkt Hëllef ze offréieren.


Wann och Dir eis ukrainesch Noperen an dëse schlëmmen Zäiten, ouni vill Aussiicht op eng besser Zukunft a ganz ville Onsécherheete fir si an hier Famillen a Frënn, duerch e kléngen oder gären och duerch e gréissere Geste ënnerstëtze wëllt, da kënnt Dir gären och elo vu mengen "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimbere bestellen a si fir Är privat oder professionell Zwecker benotzen - a mat all Timber weisen, dass och Dir eis ukrainesch Noperen net am Stach loosst - all Timber zielt, all Don geet ouni Perte op Kiew a gëtt vun hinnen duerno och offiziell vum Ukrainesche Roude Kräiz konfirméiert.


"Dreams do not burn" - Dreem verbrennen net : kommt an hëlleft all zesummen, dass der Ukrain hier Dreem op eng besser a virun allem friddlech Zukunft net ënnerginn ënnert de russesche Granaten, Dronen a Rakéiten - an dass eis ukrainesch Nopere geschwënn och nees ee Liewe kënne féieren, wie mir et och gären all Dag erliewen.


All Info'e fir kënne vu mengen "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimberen ze bestellen, fannt Dir hei a mengem Info-Flyer (Bild Nr.3) oder op mywort.lu : https://www.mywort.lu/de/mywort/reisdorf/news/2-ausgabe-der-dreams-do-not-burn-briefmarken-in-memoriam-an-an-225-mriya-63fb0490de135b92361cd3b0

Frank Hilkhuijsen ( @ : dreams-do-not-burn@outlook.com)