"Chreschtbâmaktioun" vum Club des Jeunes Remerschen

Et geheiert schons zur gudder Traditioun, dass de Club des Jeunes Remerschen, Ufangs Januar an den Dierfer Remerschen, Wëntrengen a Schengen Chreschtbeemerscher asammelen geet.

Och dest Joer wor et nees souweit. Iwer 20 Memberen vum Club hun sech op de Wee gemach fir Chrëschtbeemercher dei ausgedingt hun, anzesammelen.

Leit dei wollten konnten eng Enveloppe mat Geld un de Beemchen hänken.

D'Suen ginn dann speider fir een gudden Zweck gespennt.