Fuelbox VII: Konscht fir de gudden Zweck

Nodeems am Mee e grousse Kollektiv vu bekannten an immenz talentéierte Kënschtler hir Wierker am Kader vun der Fuelbox VII iwwer Wochen zu Réimech ausgestallt hunn, huet d'Fondation Wonschstär sech mat hinnen getraff fir eng offiziell Scheckiwwerreechung.


E ganz grousse Merci un d’Organisateuren, d’Kënschtler, d’Kellerei Desom, d’La Luxembourgeoise, d’Gemeng Remich sou wéi jiddereen deen d’Fuelbox VII an de Wonschstär mat senger Visite oder mam Kaf vun engem Konschtwierk ënnerstëtzt huet.