31.01.2024: Scheck-Iwwereeschung zu Reiler

Mëttwochs, den 31. Januar 2024 wor zu Reiler d'Scheck-Iwwereeschung vam Campusfest 2023. Eis ischt Campusfest hat Fregdes, de 16. Juni 2023 stattfonnt. Dëst wor eng Kollaboratioun tëschent dem Schullzenter Reiler, der EIES (Ecole internationale Edward Steichen), der Maison Relais, der Crèche an den Elterevereenegungen. Ënnert dem passendem Motto "Op der Baustell" gouf de Kanner mat hire Familljen ee flotte Programm agebuaden. Van Sprangschlässer iwwer Entefëschen a van Sandcontainer iwwer Vëlosparcours haten d'Visiteure vill Spaass a konnten di vill verschidden Atelier'ën bei bestem Wieder ausprobéieren. Honger an Duuscht hat natierlech o kee misste légden. Een Deel vam Benefice ha mer dem "Plooschter Projet" gespent. Sie setze sich an am Kampf géint d'Leukemie. Mer hoffen, dass mat eisem Beitrag van 800 EURO ville Lékt ka gehollef giänn.