„Damme-Buergermeeschterdag“ de 4. Juli 2022 – Gemeng Wal

No 2 Joer Paus, huet dëst Joer rëm den traditionellen Damme-Buergermeeschterdag stattfonnt.

Dëst Joer huet d’Christiane Thommes-Bach, Buergermeeschtesch vu Wal, déi aktuell a fréier Damme-Buergermeeschtere vu Lëtzebuerg invitéiert.

Eng Visit zu Randschelt stung um Programm, an nom Aperitif am Musée Thillenvogtei gouf den Dag mat engem gudden Iessen zu Groussbus am Restaurant „Beim Ambruzzebier“ ausklénge gelooss.