Rodanger Cyclisten ennerstetzen d'Kannerduerf

Virum kuerzem huet d'Union Cycliste Rodange dem Bob Jungels zu senger Victoire vun Liège-Bastogne-Liège 2018 gratuleiert. An zwar ass hien den 3. Lëtzeburger déen no dem Rodanger Marcel Ernzer 1954 an dem Andy Schleck 2009, dës Course gewonnen huet.

En Mémoire un den Marcel Ernzer, huet d'UCR dem Bob, déen Ambassadeur vum Mierscher SOS Kannerduerf ass, en Check vun 1000 Euro un d’SOS Kannerduerf, iwerreecht.