20 Joer Frënn vum 3. Alter Réiserbann

Am Kader vum 20. Anniversaire vum Veräin Frënn vum 3. Alter Réiserbann a.s.b.l. konnt eng Spend vu 5.000 Euro un ALAN – Maladies Rares Luxembourg iwwerreecht ginn.

De Veräin freet sech, mat dësem Bäitrag d'Aarbecht vun ALAN zugonschte vu Mënsche mat seelene Krankheeten an hire Familljen ze ënnerstëtzen, a seet alle Memberen, déi duerch hier Präsenz an de Kaffisstuffen an de Mëttesdëscher dësen Don méiglech gemaach hunn, e ganz häerzleche Merci.