Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert 6.0 - Miseler Lidder

28
Apr
2019
28 Apr

Roodt/Syr. - Musek am Syrdall invitéiert Iech häerzlech op de Concert «Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert 6.0» e Sonndeg, den 28. Abrëll um 17:00 Auer am «SYRKUS» zu Roodt/Syr.

Lidder vu fréier, Texter vu fréier, op eng originell Aart a Weis nei arrangéiert. Lidder vun haut, Texter vun haut, nei komponéiert fir Kleng a Grouss.

Dës Editioun ass enger ganzer Regioun gewidmet: eiser schéiner Musel mat hire Wéngerten, hire Wënzer an natierlech hirem Wäin.

Nieft bekannten a manner bekannte Miseler Lidder héiert Dir och nei Kompositiounen op Texter vum Pir Kremer, deen dëst Joer säin 100. Gebuertsdag gefeiert hätt.

Freet Iech op de Lëtzebuerger Lidderchouer, ënnert der Direktioun vum Georges Urwald a begleet vun Christophe Nanquette (Piano), Marc Demuth (Kontrabass) a Boris Dinev (Percussioun).

Reservatioune ginn ugeholl um Telefon 77 01 96 (am léifsten tëscht 17 an 21 Auer) oder per E-Mail un schulleo@pt.lu.

http://msyrdall.betzdorf.lu/